De WalpodcastDe Walpodcast

Episode 9: Elefanteronn am Südbezirk: “Wëlle mir a Bëton-Wüste liewen?”

View descriptionShare
An der néngter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi zweet vu véier Debatteronnen: déi am Süden, am gréisste Walbezirk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:innen Taina Bofferding vun der LSAP, Claude Meisch vun der DP, Joëlle Welfring vun Déi Gréng, Gilles Roth vun der CSV, Marc Baum vun Déi Lénk, Fernand Kartheiser vun der ADR a Marc Goergen vun der Piratepartei. Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Fro, ob de Süden, deen all Moies am Stau erstéckt, dem Wuesstum nach gewuess ass, wat vun der nationaler Politik an deene Gemenge muss gemaach ginn, datt de Süden liewenswäert bleift a wat fir eng Roll d’Dezentraliséierung dobäi spillt. Den nächsten Debat ass Dënschdesowes ëm 19.30 am Osten am Trifolion ze Iechernach. _____________________________________ Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0 _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

In 1 playlist(s)

  1. De Walpodcast

    15 clip(s)

De Walpodcast

D'Ines an d'Liz, zwou Journalistinne vum "Lëtzebuerger Wort", begleeden am "Walpodcast" d'Campagne f 
Social links
Recent clips
Browse 15 clip(s)