Gambia ass ofgewielt: An der véierzéngter a leschter Folleg vun "De Walpodcast" hunn d’Moderatorinne Liz Mikos an Ines Kurschat de Generalsekretär vun der Chamber, Laurent Scheeck, zu Gaascht. Hie kennt de Maschinneraum vun der Demokratie, d’Chamber um Krautmaart wéi keen zweeten. Mat him schwätze mir fir d’éischt doriwwer, wéi eng Regierung gebilt gëtt: De Formateur Luc Frieden huet jo schonn zu Gespriecher agelueden. Dono geet et ëm d’Chamber an ënner anerem ëm dës Froen: Wat mécht se an der éischter Sëtzung den 24. Oktober? A wat fir een Ënnerschidd mécht et eigentlech, ob eng Partei elo Fraktiounsstäerkt huet wéi d’ADR oder se net méi huet wéi Déi Gréng?
Dat war déi lescht Folleg vun De Walpodcast, deen elo bis Mëtt November eng Paus aleet.
All Episode vum De Walpodcast fannt Dir ënner https://www.wort.lu/podcast/. All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/
_____________________________________
Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort
_____________________________________
Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos
Produktioun: Marc Blasius
Musek: Christian Mertes
Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes
____________________________________
Folgt eis:
www.wort.lu
X: @Wort_LU
Facebook: @wort.lu.de
Instagram: @luxemburger_wort