An der eelefter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi véiert a lescht Debatteronn: déi am Zentrum, dem zweetgréissten Walbezierk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:inne Franz Fayot vun der LSAP, Yuriko Backes vun der DP, François Bausch vun Déi Gréng, Luc Frieden vun der CSV, David Wagner vun Déi Lénk, Alex Penning vun der ADR an de Jerry Weyer vun der Piratepartei.
Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Steierpolitik, vu datt verschidde Finanzexpert:innen um Dësch souzen. Awer och d’Wuesstemsfro schielt sech ëmmer méi als eng reell Suerg eraus, och wann déi meescht Parteien op déi eng oder aner Weis de Wuesstem grondsätzlech befirwuerten. Se ënnerscheede sech nëmmen doran, wéi vill a wat fir e Wuesstem se wëllen.
Mir hunn dës Kéier d’Konzept geännert a ginn Iech elo de Best of vun den Zitater – plus d’Argumenter vun de jeeweilege Kandidat:innen.
Dir kënnt dësen an déi aner Debatten am Video nokucken op wort.lu
_____________________________________
All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/
_____________________________________
Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort
_____________________________________
Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos
Produktioun: Marc Blasius
Musek: Christian Mertes
Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes
____________________________________
Folgt eis:
www.wort.lu
X: @Wort_LU
Facebook: @wort.lu.de
Instagram: @luxemburger_wort